Luc Holtz"Schlechten Terrain huet op eis méi e schlechten Afloss, wéi op Portugal"

Franky Hippert
An der EM-Qualifikatioun ass Lëtzebuerg e Sonndeg am Stade Josy Barthel am leschte Match géint Portugal gefuerdert.
© AFP (Archiv)

Virschau Lëtzebuerg-Portugal / Reportage Franky Hippert

E Freideg am spéiden Nomëtteg ass déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp no der 2:3-Néierlag en Donneschdeg zu Belgrad, nees am Grand-Duché gelant. E Sonndeg de Mëtteg um 15 Auer steet dann am Stade Josy Barthel, dee leschte Match an dëser Europameeschterschaftsqualifikatioun um Programm. Do waart dann och keen anere wéi den aktuellen Europameeschter Portugal. An de leschte Stonne war fir d’Rout Léiwe virun allem Regeneratioun a Recuperatioun ugesot. E Samschdeg de Mëtteg huet d’FLF-Formatioun hiren Ofschlosstraining net um Josy Barthel, mä zu Beggen, well d’UEFA wéinst dem schlechten Zoustand vum Terrain, d’Trainingsseancen op der Areler Strooss ofgesot huet. D’Portugisen trainéieren iwwregens zu Biissen. Den Terrain e Sonndeg ass dann och dem Nationaltrainer Luc Holtz säi gréisste Suergekand.

De Kapitän vun de Roude Léiwen hat en Donneschdeg zum Schluss vum Match eng ferm um Fouss erwëscht. De Laurent Jans hofft awer, datt et bis e Sonndeg nees duergeet. Och wa säi Fouss aktuell allerlee Faarwen huet, ass näischt un de Bänner an dat gëtt dem Laurent Jans Hoffnung.

Fir den FLF-President Paul Philipp ass d’Partie géint den Europameeschter ganz kloer den Héichpunkt an dëser Campagne doheem, och wa Portugal sech en Donneschdeg schonn mat engem 6:0 géint Litauen waarm geschoss huet.

Fir Cristiano Ronaldo a Co. geet et jo och nach ëm net manner wéi d’Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft. D’Ukrain ass scho qualifizéiert. Portugal huet als zweeten ee Punkt Virsprong op Serbien. De Fall geholl, d’Portugise géife just ee Punkt am Josy Barthel kréien a Serbien géif géint d’Ukrain wannen, da wären d’Serben dobäi, an den Titelverdeedeger net.

E Sonndeg de Mëtteg um 15 Auer ass de Stade Josy Barthel fir d’Partie Lëtzebuerg-Portugal dann och ausverkaf. RTL ass awer mam Radio, der Tëlee a mam Internet live fir Iech am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO