Liichtathletik: FootRun2019Schweitzer setzt sech géint Konkurrenz duerch

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum Centenaire huet de Progrès Nidderkuer de FootRun organiséiert. Eng Course bei där et gegollt huet, fir 9,19 Kilometer hannert sech ze bréngen.
© RTL Archiv

Bei der relativ kuerzer Course war de Frank Schweitzer um Enn mat engem Chrono vun 33 Minutten a 36 Sekonnen dee Séiersten. Op déi 2. Plaz koum de Nelson Cabral an enger Zäit vun 33 Minutten an 41 Sekonnen an déi 3. Positioun war fir de Chris Krombach. Seng Zäit louch um Enn bei 34 Minutten a 14 Sekonnen.

PDF: Resultater vum FootRun 2019

Back to Top
CIM LOGO