Schi-WMShiffrin a Schwarz gewanne Gold an der Kombinatioun

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie stoung op der Schi-WM zu Cortina d'Ampezzo d'Alpin Kombinatioun bei den Dammen an den Hären um Programm.
© AFP (Archiv)

Hären

Nom Super-G am éischte Laf louch den James Crawford iwwerraschend a Féierung. De Kanadier hat eng Avance vun 8 Honnertstel op de grousse Favorit, den Alexis Pinturault. Op der 3. Plaz mat 30 Honnertstel Réckstand louch deen Ament de Vincent Kriechmayr.

De Marco Schwarz, deen nom Super-G 5. war a 40 Honnertstel Retard hat, huet am Slalom alles riskéiert a gouf um Enn mat der Golfmedail belount. Den Éisträicher hat um Enn eng Avance vu knapp 4 Honnertstel op den Alexis Pinturault. De Loic Meillard huet sech mat iwwer enger Sekonn Retard Bronze geséchert.

Dammen

Am éischte Laf stoung de Super-G um Programm. Hei louch d’Federica Brignone op der éischter Plaz, dat mat 1 Honnertstel Avance virun hirer italienescher Landsfra Elena Curtoni. Mat 6 Honnertstel Retard louch d’Amerikanerin Mikaela Shiffrin op der 3. Plaz. Och d’Ester Ledecka an d’Michelle Gisin hate virum Slalom keen all ze grousse Retard.

D’Brignone ass dunn am Slalom als éischt op d’Pist gaangen an huet e grousse Feeler gemaach, domat war d’Italienerin eraus. Um Enn konnt sech d’Mikaela Shiffrin aus den USA d’Goldmedail sécheren, dat mat enger komfortabeler Avance vu 86 Honnertstel op d’Petra Vlhova. Mat 89 Honnertstel Retard kënnt d’Michelle Gisin op déi 3. Plaz.

Back to Top
CIM LOGO