
D’Fédération Internationale du Sport Universitaire FISU ass Organisateur vun den 32. Spiller vun den Universitären. Den Event gëtt gehale vum 16. bis de 27. Juli am Rhein-Ruhr-Gebitt (Essen, Bochum, Duisburg, Mülheim an der Ruhr, Hagen a Berlin).
Member vun der FISU ass d’Lëtzebuerger LASEL, an déi huet, an Zesummenaarbecht mam COSL a mat de respektive Federatiounen, 7 Athlete fir déi Spiller nominéiert.
Liichtathletik:
Fanny Arendt - 400m an 800m
Mathis Espagnet - 800m
Ruben Querinjean - 3000m Steeple
Gil Weicherding - 3000m Steeple
Schwammen:
Finn Kemp - 50m Brasse, 100m Brasse, 200m Brasse, 200m Quatre Nages, 400m Quatre Nages
Gymnastik:
Céleste Mordenti
Fechten:
Anna Zens - Epee
De 16. Juli ass an der Duisburg Arena d’Cérémonie d’Ouverture.