
E Samschdeg stounge beim FLT Cup zu Esch d’Halleffinallen um Programm. Den TC Arquebusiers huet sech bei den Damme mat 5:3 géint den TC Gréiwemaacher behaapt a kritt et an der Finall mam der Spora ze dinn.
Bei den Häre steet d’Spora no der Victoire géint den Houwald an der Finall. Hei kritt een et mat Esch ze dinn, déi Escher hu sech souverän géint den TC Cap on Line duerchsetze kënnen.
Gespillt gëtt e Sonndeg vun 13 Auer un op 4 Terrainen am nationalen Tennis Zenter zu Esch.