VéierschanzentournéeTitelverdeedeger Ryoyu Kobayashi gewënnt 1. Sprangen zu Oberstdorf

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg war den Optakt vun der Véierschanzentournée, DEM Schisprang-Evenement vun der Saison. Déi 1. Kompetitioun gouf zu Oberstdorf ausgedroen.
© AFP

Viru ronn 25.500 Spectateure konnt sech den Titelverdeedeger vun zejoert Ryoyu Kobayashi (305.10) no den zwee Duerchgäng virun der Konkurrenz duerchsetzen. Beim Optaktsprange zu Obertsdorf koumen op d’Plazen 2 an 3 den Däitsche Karl Geiger (295.90) an den Dawid Kubacki (294.70) aus Polen.

De weidere Programm

  • Garmisch-Partenkirschen (Däitschland): 31.12 Qualifikatioun, 1.1 Kompetitioun
  • Innsbruck (Éisträich): 3.1 Qualifikatioun, 4.1 Kompetitioun
  • Bischofshofen (Éisträich): 5.1 Qualifikatioun, 6.1 Kompetitioun
Back to Top
CIM LOGO