ÄishockeyTornado hëlt Punkt géint Tabellendrëtte vu Châlons mat

RTL Lëtzebuerg
Am franséischen Äishockey-Championnat hëlt Tornado Luxembourg e Punkt beim Tabellendrëtten zu Châlons a gëtt 6. an der Tabell um leschte Spilldag. 
© Yannick Herry

An engem u Spannung kaum ze iwwertreffende Match kënnen d’Lëtzebuerger am leschte Match vun der regulärer Spillzäit géint den 3. an der Tabell mat zwee spéide Goler an der 56. Minutt duerch de Pipernus a 16 Sekonne viru Schluss vun der Partie duerch den Haavanlammi op 2-2 ausgläichen an d’Entscheedung an d’Verlängerung bréngen.
Duerch dëst Gläichspill no 6 Minutten hate sech d’Spiller ronderëm de Christer Eriksson schonn e Punkt geséchert an och wa si dunn 8 Sekonne viru Schluss vun dëser Verlängerung den 3-2 hu missen hinhuelen, ass et dem Tornado duergaangen, fir mat elo 24 Punkte virun Evry-Viry op déi 6. Plaz no vir ze kommen. Den éischte Géigner an de Playoffs, déi schonn den nächste Samschdeg op der Kockelscheier uginn, treffen d’Lëtzebuerger um 19 Auer op den Tabellendrëtten aus dem Grupp B d’Renards de Roanne.

Back to Top
CIM LOGO