D’Ekippen starten um Recinte Modernista de Sant Pau, fueren duerno iwwer d’Avinguda Gaudí a ginn da virun der Sagrada Família op der Bühn offiziell virgestallt.
D'Presentatioun vun der Ekipp "Cofidis" mam Alex Kirch ass fir 19:02 Auer geplangt, "Team Visma| Lease a Bike" mam Jonas Vingegaard fir 19:40 Auer. An um 19:44 Auer ass et un der Ekipp "UAE Team Emirates XRG" mam Titelverdeedeger Tadej Pogacar.