
Nodeems et am Allersmatch een 2:2 zu Stuttgart an der Mercedes-Benz-Arena tëscht dem VfB an Union Berlin gouf, war e Méindeg den Owend de Retourmatch am Stadion “An der Alten Försterei”. Duerch déi zwee Auswäertsgoler leschten Donneschdeg ass Union Berlin mat engem liichten Avantage an de Retourmatch gaangen.
De VfB Stuttgart hat e Méindeg ee richteg gudde Start erwëscht a si haten och schonns fréi ee Gol geschoss, ma de Gonzalez stoung am Abseits. Union hat Schwieregkeeten am Spill no vir, ma stoung hanne stabil. An der zweeter Hallschent war de Match du méi ausgeglach a fir Stuttgart huet zweemol de Potto misse retten. Bis zum Enn ass et awer beim 0:0 bliwwen an domat steigt Union Berlin wéinst den Auswäertsgoler op an déi 1. Bundesliga.
10 Joer nom Opstig an déi 2. Bundesliga steigt Union Berlin déi éischte Kéier an der Veräinsgeschicht an d'1. Bundesliga op.
De VfB Stuttgart war e Méindeg den Owend also gefuerdert an dat huet ee gemierkt, d’Ekipp vum Trainer Nico Willig ass nämlech héich engagéiert an de Match gaangen a war an der Ufanksphas kloer spillbestëmmend.
No 4 Minutten hate si eng éischt gutt Chance, wou de Ball no engem Corner dem Kabak virun d’Féiss gefall ass, säi Schoss aus knapp 3 Meter sollt awer net eragoen.
An der 9. Minutt huet de Ball dunn am Filet gezappelt no engem Fräistouss vum Aogo. Et wier dem fréieren däitschen Nationalspiller säin éischte Gol fir de VfB gewiescht, ma de Gol sollt net zielen, well de Gonzalez am Abseits stoung an de Golkipp kloer gestéiert huet.
Stuttgart huet sech awer dovunner net aus dem Spill brénge gelooss an hat 3 Minutte méi spéit eng weider gutt Chance, ma den Donis huet de Ball aus knapp 5 Meter donieft geschoss.
Am Uschloss ass Union Berlin elo besser an de Match komm. Dat huet dann och dozou gefouert, dass de Match sech e gutt Stéck berouegt huet.
Wann et och um Terrain elo méi roueg zougaangen ass, esou awer net op den Tribünen, do hunn d’Union-Fans nämlech esou richteg Radau gemaach. Si hunn hir Spiller mat allem, wat se hunn, ugefeiert.
Kuerz virun der Paus gouf et dunn awer nach eng gutt Chance fir de VfB, dat duerch en Distanzschoss vum Steven Zuber, ma de Berliner Golkipp konnt de Ball paréieren, esou dass et ouni Goler an d’Paus gaangen ass.
D’Ufanksphas vun der zweeter Hallschent war relativ ausgeglach. Béid Ekippen hu richteg gekämpft an doduerch gouf et awer och wéineg Golchancen.
An der 64. Minutt dunn eng ganz déck Chance fir Union Berlin. Den Abdullahi koum um 16-Meter un de Ball an huet geschoss, ma de Ball goung nëmmen op de Potto.
Nëmmen 2 Minutt méi spéit rett nach eemol de Potto fir de VfB. Déi Kéier gëtt den Abdullahi an d’Déift geschéckt an hie leeft op den Zieler zou, ma op en Neits geet de Ball op de Potto. Gléck fir Stuttgart a Pech fir Union Berlin.
An der Schlussphas huet Stuttgart nach emol alles no vir geheit, ma Union stoung hannen einfach ze gutt an esou ass et bis zum Schluss beim 0:0 bliwwen, esou dass Union Berlin déi éischte Kéier an der Veräinsgeschicht an d'1. Bundesliga opsteigt.