
E Sonndeg stoungen am internationale Futtball ënnert anerem Partien an der Bundesliga, der Premier League, der Ligue 1 an an der Serie A um Programm.
Werder Bremen - FC Augsburg 3:2
Tëscht Bremen an Augsburg ass et direkt richteg lassgaangen. No nëmme 6 Minutten ass do nämlech schonns den éischte Gol gefall, do war et den Osako, dee fir d’Lokalekipp markéiere konnt. D’Reaktioun vun Augsburg huet allerdéngs net laang op sech waarde gelooss, no enger flank vum Lichtsteiner an der 12. Minutt huet de Vargas mam Kapp fir den Ausgläich gesuergt. An der 21. Minutt konnt de jonken Josh Sargent allerdéngs nees den alen Avantage hierstellen. An der 34. Minutt dunn de Réckschlag fir Augsburg, Giel-Rout fir de Lichtsteiner. Ma och an Ënnerzuel war Augsburg weiderhi geféierlech an an der 46. Minutt konnt de Vargas eng zweete Kéier zouschloen, fir op en Neits auszegläichen. Bremen wollt e Sonndeg déi dräi Punkten awer onbedéngt doheem halen an esou konnt den Osako an der 67. Minutt nach eemol markéieren.
Eintracht Frankfurt - Fortuna Düsseldorf 2:1
Frankfurt konnt sech e Sonndeg iwwer déi zweet Victoire freeën, dat beim 2:-Erfolleg géint Düsseldorf an dobäi hat et net gutt ugefaangen. D’fortuna konnt nämlech no 36 Minutten duerch de Ruwen Hennings a Féierung goen. An der Paus ass dunn de Bas Dost fir de Joveljic op den Terrain komm an déi nei Recrue konnt an der 57. Minutt fir den Ausgläich suergen, ier de Paciencia an der 86. Minutt fir d'2:1-Schlussresultat gesuergt huet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Stade Reims - OSC Lille 2:0
Lille huet sech e Sonndeg misse mat 0:2 géint Reims geschloe ginn. Nodeems an der éischter Hallschent keng Goler gefall waren, krut de Yazici vu Lille an der 53. Minutt déi giel-rout Kaart gewisen. Dono ass et du biergof gaangen. An der 73. Minutt huet den Doumbia Reims vum Eelefmeterpunkt aus a Féierung bruecht. An der 90. Minutt huet den Oudin dunn den 2:0 markéiert. Zu allem Iwwerfloss huet de Bamba an der 93. Minutt dunn och nach en Eelefmeter verschoss fir Lille.
Racing Stroossbuerg - AS Monaco 2:2
Kee Gewënner gouf et an der Partie tëscht Stroossbuerg a Monaco. Um Enn geet de Match nämlech 2:2 aus. Fir Monaco konnt zweemol de Slimani markéieren, dat an der 11. an an der 40. Minutt. Fir Stroossbuerg hunn de Lala an der 39. an den Thomasson an der 84. Minutt getraff.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Arsenal - Tottenham Hotspur 2:2
Och am Spëtzematch vun der Premier League sollt keng Ekipp als Gewënner vum Terrain goen, well Arsenal an Tottenham spillen 2:2 gläich an dobäi louch Totenham duerch Goler vum Eriksen an der 10. Minutt a vum Kane an der 40. Minutt mat 2:0 am Avantage. Dono konnt Arsenal awer duerch den Aubameyang an de Lacazette op 2:2 stellen, esou dass de Londoner Derby mat 2:2 op en Enn gaangen ass.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Lazio Roum - AS Roum 1:1
E Sonndeg koum et dann nach an der italienescher Haaptstad zum Duell tëscht Lazio an AS Roum, ma och hei sollt et kee Gewënner ginn. Um Enn stoung et 1:1, fir d’AS Roum huet de Kolarov getraff a fir Lazio den Alberto.