Lëtzebuerger Futtballer am AuslandVictoire fir Royale Union St.-Gilloise mam Anthony Moris

RTL Lëtzebuerg
An der Schwäiz gouf et um Samschdeg Owend eng Victoire fir d'Young Boys Bern mam Christopher Martins.
© pressphoto (Archiv)

Um Sonndeg konnt Royale Union St.-Gilloise mam Anthony Moris 1:0 géint den RSC Anderlecht gewannen. De Lëtzebuerger stoung de ganze Match um Terrain. Fir de Golkipp war et den 11. Match ouni Géigegol an dëser Saison. Seng Ekipp läit weiderhi souverän un der Tabellespëtzt vum belsche Championnat.

An der zweeter portugisescher Liga huet Vilafranquense 1:1 zu Covilha gespillt. Den Eric Veiga souz de ganze Match op der Bänk.

Samschdeg

An der Schwäiz hunn an der 1. Liga d’Young Boys Bern mam Christopher Martins um Samschdeg den Owend 1:0 géint Lugano gewonnen. De Lëtzebuerger krut an der 33. Minutt Giel. No 60 Minutte gouf de Christopher Martins dunn ausgewiesselt.

Am Toppmatch vun der 3. Liga an Däitschland war de Maurice Deville mat Saarbrécken op Besuch beim Leader vun der 3. Liga Magdeburg. An enger intensiver Partie huet sech um Enn d’Lokalekipp mat 2:1 géint Saarbrécken behaapt. De Maurice Deville ass an der 77. Minutt agewiesselt ginn. Magdeburg bleift domat op der 1. Plaz, viru Kaiserslautern, déi sech no der Victoire géint Halle op der 2. Plaz erëmfannen. Saarbrécken steet an der Tabell elo op der 3. Plaz.

A Griichenland huet Kreta mam Vahid Selimovic e Samschdeg auswäerts mat 1:2 géint Lamia verluer. Den Nationalspiller stoung de ganze Match um Terrain a krut an der 69. Minutt Giel.

Op Zypern huet den Tim Hall mat Achnas 0:0 géint AEK Larnaka gespillt. De Lëtzebuerger huet an der 59. Minutt Giel gesinn. Achnas steet weiderhin op der leschter Tabelleplaz.

Freideg

Den Diogo Pimentel war e Freideg mat sengem dänesche Veräin Jammerbugt FC an engem Testmatch géint de schwedesche Veräin Malmö FF gefuerdert. De Lëtzebuerger, fir deen et deen éischte Match war, huet beim 2:2-Remis e Gol markéiert. Mat engem spektakuläre Schoss vun der Mëttellinn huet de Pimentel den tëschenzäitlechen 1:2 geschoss.

Den Diogo Pimentel war an der Wanterpaus vun der Fola an Dänemark bei de Jammerbugt FC gewiesselt.

An der englescher Championship leeft et weiderhi gutt fir Huddersfield mam Danel Sinani. E Freideg den Owend huet ee sech géint Stoke City duerch een 1:1-Remis ee Punkt geséchert. Fir Huddersfield war et deen néngte Match am Championnat noneen ouni Néierlag.

De Sinani stoung an der Startformatioun a gouf an der 79. Minutt ausgewiesselt. An der Tabell läit Huddersfield op der sechster Plaz, déi lescht Plaz, déi fir d’Playoffs géing duergoen.

Back to Top
CIM LOGO