
Op engem Meeting zu Metz huet d’Victoria Rausch e Sonndeg op den Hecken iwwer 60 Meter en neie Lëtzebuerger Rekord opgestallt. Mat enger Zäit vun 8.29 Sekonnen huet déi 25 Joer al Liichtathletin domat d’Rekordzäit vum Veronique Linster aus dem Joer 1996 ëm véier Honnertstel verbessert.