AS MonacoVideoanalyst Nelson Morgado wiesselt bei den AS Monaco

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Lëtzebuerger Veräin op senger Facebooksäit matdeelt, wäert den Nelson Morgado an déi héchst franséisch Spillklass wiesselen.

Aus dem Futtball ass et d’Nouvelle, dass den Nelson Morgado, de Videoanalyst vum F91 Diddeleng, an Zukunft fir den AS Monaco aus der Ligue 1 schaffe wäert, wou hien d’Ekipp vum Nico Kovac verstäerkt. Dat huet den aktuellen Tabellenéischten aus der BGL Ligue en Donneschdeg an der Mëttegstonn iwwert déi sozial Medie matgedeelt. Den F91 huet kee Moment gezéckt, fir den Nelson Morgado fräizestellen, dass sech dësen Transfert realiséiert.

Back to Top
CIM LOGO