
Virton reklaméiert vum Anthony Moris nämlech 460.000 Euro zeréck. An dat, well de Spiller säin Aarbechtskontrakt net erfëllt hätt. Dem Communiqué no ass den Anthony Moris awer net den eenzege Spiller, dee vu Virton viru Geriicht zitéiert gëtt.
Ob nach aner Lëtzebuerger Spiller, déi bei Virton ënner Kontrakt stinn, viru Geriicht zitéiert ginn, geet aus dem Communiqué net ervir. Et geet awer net nëmmen ëm d’Spiller, mä och ëm déi Veräiner, déi dës Spiller vu Virton elo engagéieren.