Vläicht si se Iech schonn eng Kéier opgefall als Zuschauer oder matten dra bei engem Marathon. Leefer, déi mat engem Fändel um Réck, wou eng Auerzäit drop steet, matlafen. Dat si sougenannt Pacemaker oder Pacerunner. Trainéiert Leefer, déi de Participanten hëllefe sollen, hir Wonschzäit ze erreechen.
De Sid a seng dräi Lafkolleegen, d'Lisa, de Guillaume an de Joao, wollten dëst Joer nach eng dropsetzen. Si lafen als Pacer mat fir all déi Leit, déi wëlle sou just ënner zwou Stonnen um Hallefmarathon lafen. A fir d'Participanten zousätzlech ze motivéieren, verkleede si sech als Beatles an hunn déi ganzen Zäiten Musek dobäi.
Si selwer lafen all vill besser Zäiten um Hallefmarathon, ënner 1:30 Stonn. Mee si wollten dëst Joer der Communautéit eppes zréckginn.
"Mir freeën eis drop, fir eis selwer erauszefuerderen an de richtegen Tempo fir d‘Participanten ze halen. Mir wëllen, dass si hiert Zil areechen an dass se och Spaass hunn. A mir wëllen net just normal Pacer sinn, mee d'Leit matrappen. Mir wëlle Faarf erabréngen. Mir soten eis, dëst Kéier et ass den ING, et ass eis Heemcourse an dofir wollte mir eppes zréckginn. Zesummen de Leit hëllefen a se duerchbréngen an hirer Zäit."
Op RTL.lu kënnt Dir e Samschdeg den Owend den Nuetsmarathon am Livestream a Liveticker suivéieren.