Flèche du Sud: 2. EtappWeider Victoire fir Matthew Brennan, Mil Morang nees beschte Lëtzebuerger

Max Bäcker
En Donneschdeg ass et op der 2. Etapp vun der Flèche du Sud iwwer 151 Kilometer vu Rëmeleng op Rëmeleng gaangen.

En Donneschdeg huet de Sprinter Matthew Brennan och déi zweet Etapp vun der Flèche du Sud gewonnen. Hien huet sech virum Yanne Dorenbos an dem Marcus Sander behaapt a bleift domadder un der Spëtzt vum General.

Déi 151 Kilometer vu Rëmeleng op Rëmeleng waren eigentlech perfekt fir eng Echappée an dach huet et déi lescht Jore keng Echappée bis ob d'Arrivée gepackt. An och dëst Joer huet Visma Lease Bike de Peloton kontrolléiert, fir hirem Sprinter Matthew Brennan den Terrain virzebereeden. Et sollt bis an d'Hallschent vun der Etapp dauere bis sech eng Echappée vu 4 Coureure konnt ofsetzen, dorënner och de Lëtzebuerger Charel Meyers. De Virsprong sollt awer ni iwwert 1 Minutt 40 ginn, dat well Visma alles am Grëff hat.
2 Tier viru Schluss gouf d'Echappée agefaangen an de Peloton war nees zesummen. Wärenddeem huet ee sech zu Rëmeleng op de Schlusssprint virbereet. An hei waren natierlech nees all d'Aen ob Visma an de Matthew Brennan geriicht. An op der Linn sollt et ganz knapp ginn. Den Hollänner Yanne Dorenbos war mat puer Meter Virsprong op déi lescht Meter gaangen. Op de Linn konnt de Matthew Brennan dann awer nach laanscht zéien, fir eng weider Victoire ze feieren. Beschte Lëtzebuerger gëtt de Mil Morang als 15..

E Samschdeg steet da mat Buerschent d'Kinneksetapp um Programm. An hei wäerten dann och schonns déi éischt Virentscheedungen en vue vum General falen. An dann dierft ee gespaant si wéi sech de Mats Wenzel an den Arno Wallenborn an de Lëtzebuerger Koppe wäerte schloen.

D'Resultater vun der Etapp

1. Matthew Brennan 03:36:42
2. Yanne Dorenbos "
3. Marcus Sander "
15. Mil Morang "
27. Alexendre Kess "
34. Mats Wenzel "
36. Noé Ury "
42. Arno Wallenborn "
43. Flavio Astolfi "
51. Yannis Lang "
82. Loïc Bettendorf "
94. Alex Kerrens "
98. Lennox Papi "
115. Pol Breser 2:20
119. Charel Meyers 5:40 

Back to Top
CIM LOGO