
Um Samschdeg kuerz no 11 Auer geet d’Patrizia van der Weken am zweete vun am ganzen siwe Virleef iwwer 60 Meter un den Depart. Déi dräi Éischt aus all Laf plus déi dräi Séierst iwwer d’Zäit qualifizéiere sech fir d’Halleffinallen. Mat hirer Zäit vu 7.01, déi si virun e puer Wochen zu Torun, op der selwechter Pist, gelaf war, geet d’Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer mat der drëttséierster Zäit am d’Kompetitioun. Méi séier waren dëse Wanter just zwou Athletinnen.
Julien Alfred a Zaynab Dosso
Mam Julien Alfred gouf et 2024 déi éischt Indoor-Weltmeeschterin fir St. Lucia. Am selwechte Joer konnt si sech och Gold iwwer 100 Meter bei den Olympesche Spiller vu Paräis sécheren a gehéiert zu den absolutte Staren am Sprint. Si ass dëse Wanter eng Zäit vun 6.99 gelaf a war domat genee sou séier wéi d’Zaynab Dosso aus Italien. Déi hat bei der leschter Indoor-Weltmeeschterschaft hannert der Schwäizerin Kambundji a virum Patrizia van der Weken Sëlwer gewonnen.
Aner Konkurrenz
Dëse Wanter sinn eng ganz Rei Sprinterinnen top Zäite gelaf. Och hannert dem Patrizia van der Weken sinn et e puer Athletinnen, déi ënner 7.05 oder eng Zäit vu 7.05 realiséiert hunn. Dowéinst kann een d’Amerikanerin Jacious Sears (7.03), d’ Brittin Amy Hunt (7.04) an hir Landsfra Dina Asher-Smith (7.05), awer och d’ Jamaikanerin Jonielle Smith (7.04) an d’Ana Carolina Azevedo (7.05) aus Brasilien zu de Favorittinnen zielen, eng zolidd Konkurrenz fir d’Lëtzebuerger Nummer 1.
Mat wéi enger Zäit huet ee Chancen op Gold?
Déi séiersten Zäit, déi jee an enger 60 Meter Finall bei de Frae gelaf ginn ass, ass déi vum Gail Devers aus dem Joer 1993 (6.95). Fir Weltmeeschterin ze ginn, huet ee bei véier vun de leschte sechs Finallen iwwer 60 Meter bei enger Indoor-WM missten ënner 7 Sekonne bleiwen.