No gudde PerformancenWot den Dave Turpel de Sprong an de Profi-Beräich?

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend huet praktesch déi ganz Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp ee gudde Match gespillt.
© pressphoto Archiv

E puer Spiller hunn awer nach erausgestach, ee vun hinne war och den Dave Turpel, deen, wat de Match méi laang gedauert huet, senge Géigespiller ëmmer méi Problemer gemaach huet.

Dave Turpel an de Profi-Beräich?/Reportage Jeff Kettenmeyer

Op en Neits kënnt d’Fro op, ob den Diddelenger de Sprong an de Profi-Beräich nach wot oder net.

Dobäi kënnt nach, datt den Dave Turpel och den 1:0 géint d’Ukrain geschoss hat. No der gudder Viraarbecht vu Vincent an Oli Thill hat de Stiermer senger Meenung no net méi déi gréissten Aarbecht, fir de Ball iwwer d’Linn ze kréien.

Zanter Jore lieft den Dave Turpel quasi fir de Futtball, de Sprong an de Profi-Beräich huet hien allerdéngs bis haut nach net gewot, dat obwuel d’Méiglechkeet mat Sécherheet do gewiescht wier. Zu Diddeleng huet hien allerdéngs de Virdeel, datt do quasi och professionell trainéiert gëtt. Senger Meenung no géif et him net u professionellem Training feelen, mä éischter un esou Matcher wéi dee géint d’Ukrain. An der BGL Ligue géing een einfach net op esou engem Niveau spillen.

No der Europa-League-Campagne vum F91 wier eigentlech elo am Alter vu 26 Joer den idealen Zäitpunkt komm, fir awer nach an d’Ausland ze goen, et misst allerdéngs ee komplette Package sinn, esou den Dave Turpel.

Den Dave Turpel huet dës Saison a 17 Matcher an der BGL League bis ewell 9 Goler geschoss an der 5 virbereet.

Back to Top
CIM LOGO