Ënner anerem waren och d'Favoritte vun der Course Remco Evenepoel a Primoc Roglic gefall.
D'Strooss war wéinst dem Reen extreem glat.
D'Coureure sinn déi lescht 20 Kilometer am Peloton op d'Arrivée gefuer an et gouf kee Klassement gemaach.
De Remco Evenepoel bleift domat Leader. Beschte Lëtzebuerger ass op der 82. Plaz de Bob Jungels. Hien an och den Alex Kirsch an de Kevin Geniets konnten no der Chute nees weider fueren.