Volta a CatalunyaAdam Yates wënnt drëtt Etapp

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 179 Kilomter ass et iwwert d'Bierger vu Sant Feliu de Guixols op Vall Camprodon gaangen.
© Twitter VoltaCatalunya

Och op der drëtter Etapp hat sech eng Echappée op de Wee gemaach. 11 Leit hat sech ofgesat an hunn sech deelweis en Ecart vun wäit iwwer 5 Minutten erausgefuer. Eng 50 Kilometer virun der Arrivée war de Peloton awer nees méi no komm, knapp 3 Minutten an 30 Sekonne Réckstand hate si. Deen Ecart ass dono nach eng Kéier op iwwer 4 eropgaangen, éier en bei 20 Kilometer viru Schluss bei nach knapp 3 Minutte louch.

De Grupp an der Spëtzt ass méi kleng ginn an an der leschter Montée waren nach just 6 Coureure vir. Si haten 11 Kilometer viru Schluss nach e Virsprong vun 2 Minutten a 14 Sekonnen op de Peloton.

Eng 3 Kilometer viru Schluss war d’Echappée agefaangen an et waren d’Favoritten hunn d’Course u sech gerappt. Den Thomas de Gendt konnt awer net méi matschwätzten, well hien an der leschter Montée ofgehaange gouf.

Zum Schluss konnt sech dem Adam Yates vum Vallter 2000 duerchsetzen.

Obwuel den Thomas de Gendt op der drëtter Etapp Zäit huet missten abéissen, bleift hie weider am Maillot vum Leader, dat awer nach just mat engem knappe Virsprong op de Yates an de Bernal.

E Resultat vum Ben Gastauer läit eis nach net vir.

Back to Top
CIM LOGO