Critérium du Dauphiné: 2. EtappAlexis Vuillermoz wënnt Etapp an ass neie Leader

RTL Lëtzebuerg
De Kevin Geniets ass am Peloton op 5 Sekonnen iwwert d'Arrivée gefuer.
© AFP

E Méindeg huet den Alexis Vuillermoz déi 2. Etapp vum Critérium du Dauphiné gewonnen. No 170 hiwwelege Kilometer tëscht Saint-Péray a Brives-Charensac huet hie sech aus der Echappée eraus am Sprint duerchgesat an ass och neie Leader am General.

De Peloton huet et net fäerdeg bruecht, fir déi 5 Leit un der Spëtzt nees anzefänken. Si haten um Enn eng Avance vu 5 Sekonnen op de Peloton. An dësem huet de Wout van Aert de Sprint fir sech entscheet an ass de 6. ginn. Fir de Belsch geet dat awer net duer, fir de Leader-Maillot ze halen. Hie fält zeréck op déi 4. Plaz an huet elo e Retard vu 5 Sekonnen op de Vuillermoz.

De Kevin Geniets ass als 53. am Peloton iwwert d’Arrivée gefuer. Am General ass de Lëtzebuerger Champion de 85. op 15 Sekonnen.

Critérium du Dauphiné: 2. Etapp
Alexis Vuillermoz wënnt Etapp an ass neie Leader

D’Klassement vun der Etapp

1 VUILLERMOZ Alexis TotalEnergies 4:03:34
2 SKAARSETH Anders Uno-X Pro Cycling Team ,,
3 LE GAC Olivier Groupama - FDJ ,,
4 VERMAERKE Kevin Team DSM ,,
5 DELAPLACE Anthony Team Arkéa Samsic ,,
6 VAN AERT Wout Jumbo-Visma 0:05
7 HAYTER Ethan INEOS Grenadiers ,,
8 PAGE Hugo Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
9 VENTURINI Clément AG2R Citroën Team ,,
10 RIABUSHENKO Alexandr Astana Qazaqstan Team ,,
...
53 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,

De General

1 VUILLERMOZ Alexis TotalEnergies 8:40:55
2 SKAARSETH Anders Uno-X Pro Cycling Team 0:03
3 LE GAC Olivier Groupama - FDJ 0:04
4 VAN AERT Wout Jumbo-Visma 0:05
5 VERMAERKE Kevin Team DSM 0:07
6 HAYTER Ethan INEOS Grenadiers 0:09
7 DELAPLACE Anthony Team Arkéa Samsic 0:10
8 QUINN Sean EF Education-EasyPost 0:11
9 BOUET Maxime Team Arkéa Samsic 0:12
10 HUYS Laurens Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 0:13
...
85 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 0:15

Back to Top
CIM LOGO