
Wéi d’Ekipp SD Worx matgedeelt huet, war déi 30 Joer al Cyclistin en Donneschdeg am Trainingslager mat der hollännescher Nationalekipp am spuenesche Calpe an eng Chute verwéckelt. Si gouf duerno mat engem Helikopter an d’Klinick geflunn an huet direkt misse wéinst uerge Blessuren um Kapp operéiert ginn.
Duerch d’Operatioun ass et den Doktere gelongen, fir den Drock an hirem Kapp ze reduzéieren. D’Coequipière vum Christine Majerus läit am kënschtleche Koma. Wéi eng Suitten den Accident wäert hunn, ass den Ament nach onkloer. Dat wäert een eréischt gesinn, wann d’Amy Pieters an e puer Deeg aus dem Koma geholl gëtt, sou d’Ekipp vun der Cyclistin SD Worx e Freideg den Owend an engem Schreiwes.