
E Freideg war den Optakt vum Festival Elsy Jacobs am Cyclissem. Am Prolog zu Zéisseng gouf et eng Victoire vum Anna Henderson. D’Brittin hat eng Avance vun 2 Sekonnen op d’Hollännerin Demi Vollering. D’Christine Majerus huet sech gutt aus der Affär gezunn.
D’Lëtzebuerger Championne huet op den 2,2 Kilometer 8 Sekonne verluer. Domadder ass d’Christine Majerus virun den zwou Etappen, déi nach gefuer ginn, gutt placéiert, fir um Enn eng Roll ganz vir matzespillen. Um Prolog ass eng 11. Plaz erausgesprongen.
De Prolog ass zwar kuerz, mee et ass eng vun deenen Disciplinnen, déi am meeschte wéi dinn. Normalerweis hunn ech dat ganz gären an ech hunn eng ok Leeschtung bruecht. Et geet net duer, fir ganz vir dobäi ze sinn, mee dat war gewosst. Mir si sécher hei fir d’Course mat ze gestalten. Wann een SD Worx um Trikot stoen huet, dann ass ee gezwongen, fir offensiv ze fueren an ze versichen, bei der Victoire dobäi ze sinn.
D’Isabelle Klein klasséiert sech mat 19 Sekonne Retard op der 62. Plaz a gëtt domadder zweetbescht Lëtzebuergerin.
D’Nina Berton gouf dat 64. op 20 Sekonnen. Fir déi jonk Lëtzebuergerin gëtt et beim Elsy Jacobs ee grousst d’Zil.
Dat leschte Joer hunn ech et gepackt, fir déi 1. Etapp fäerdeg ze fueren. Op der 2. huet et op een Tour net geklappt. Elo hunn ech besser Preparatiounen a fäerdeg ze fueren ass emol ee grousst Zil a firwat sech net weisen? Dat ass och ëmmer flott, wann een zu Lëtzebuerg fiert.
Déi 4. Lëtzebuergerin, Maïté Barthels, déi beim Festival Elsy Jacobs mat dobäi ass, koum op déi 88. Plaz mat 27 Sekonne Retard op d’Gewënnerin.
E Samschdeg geet et da weider mat der 1. Etapp an dann e Sonndeg gëtt déi zweet a leschten Etapp gefuer. Hei wäert d’Christine Majerus sech an den Déngscht vun der Ekipp stellen.
Hat kënnt mat enger ganz gudder Form aus den Ardennenklassiker eraus. Sécher mat enger besserer wéi ech. Ech ginn dovunner aus, datt hat de Leader ass. An dat ass och ganz ok fir mech. Ech sinn e bëssen am Down no mengem Fréijoer a wann ech elo weess, datt ech ka fir een anere fueren, ass dat eng zousätzlech Motivatioun, wéi wann ech géif kucken, fir op déi 8. oder 9. Plaz am General ze fueren.
De Weekend gëtt d’Course am Livestream op RTL.lu gewisen.
1 HENDERSON Anna Team Jumbo-Visma 0:03:09
2 VOLLERING Demi Team SD Worx 0:03
3 PERSICO Silvia Valcar - Travel & Service 0:04
4 SWINKELS Karlijn Team Jumbo-Visma ,,
5 KLEIN Lisa Canyon//SRAM Racing 0:05
6 VAN DEN BOS Jip Team Jumbo-Visma 0:06
7 CONSONNI Chiara Valcar - Travel & Service 0:07
8 BERTIZZOLO Sofia UAE Team ADQ ,,
9 NOOIJEN Lieke Parkhotel Valkenburg ,,
10 VAS Blanka Team SD Worx 0:08
11 MAJERUS Christine Team SD Worx ,,
...
62 KLEIN Isabelle Andy Schleck - CP NVST - Immo Losch 0:19
64 BERTON Nina Andy Schleck - CP NVST - Immo Losch
0:20
88 BARTHELS Maïté Andy Schleck - CP NVST - Immo Losch
0:27
Hei fannt Dir déi komplett Resultater.
CERATIZIT Festival Elsy Jacobs - Report Prologue (29/04/2022)
“Anna Henderson will wear the Ceratizit Yellow leader’s jersey at the Ceratizit Festival Elsy Jacobs after winning the opening day’s prologue in Cessange on Friday.
Riding in the British time trial champion’s jersey for the first time, the Jumbo-Visma rider clocked a time of 3.09.33 for the 2.2km course in Cessange, near Luxembourg city. Her time beat last year’s winning time on the same course by three seconds.
After winning the prologue at the 2019 edition of Festival Elsy Jacobs, Demi Vollering (SDWorx) came second, with Silvia Persico (Valcar Travel and Service) taking third, some 3.67 seconds behind the winner.
The race began in warm sunshine though a slight breeze was blowing as the first rider, Tanja Erath (EF Education-Tibco-SVB) rolled down the ramp to start what was difficult and technical course. Her time was expected to last for a while, but Persico, who started eighth set what would be the benchmark time of 3-13.
While many riders finished around the 3.22 mark, very few were able to get near the Italian’s time, though her team mate, sprinter Chiara Consonni sat in second place for a while, her time of 3.15 eventually good enough for seventh place. Jip van den Bos (Jumbo-Visma) and then Karlijn Swinkels took over in provisional second place, with times of 3.15 and 3.13 respectively.
However, everyone was waiting for the final three riders, who began the day as favourites for the win. Third from last to start, Henderson blasted across the line to take the lead. There were tense moments waiting first for 2018 prologue winner, Lisa Klein (Canyon-SRAM), who eventually finished fifth, and the on-form Demi Vollering, who finished 2.5 seconds behind the British rider to take second.
Stage One on Saturday is the opening road stage and sees the riders take in 121. 4km course starting and finishing in Steinfort. Riding first an opening loop of 41km, the peloton will then take on four hilly laps of 20.1km.”