VIDEO: CyclissemBob Jungels, Jempy Drucker an Alex Kirsch um Depart vum Paris-Nice

RTL Lëtzebuerg
Vun e Sonndeg u steet mat Paris-Nice déi éischt grouss Etappecourse an Europa um Programm.
Interview Bob Jungels virum Paris-Nice
Vun e Sonndeg u steet mat Paris-Nice déi éischt grouss Etappecourse an Europa um Programm.

Besonnesch de Lëtzebuerger Champion kéint op deenen 8 Deeg eng Roll am Generalklassement spillen. Mat 2 Victoiren huet dem 26 Joer jonke Coureur seng Saison exzellent ugefaangen.

Och op dem Jempy Drucker seng Leeschtungen, besonnesch op den éischten Etappen dierf ee gespaant sinn, do dierft et normalerweis zu engem Sprint ze kommen.

Paris-Nice/Reportage Rich Simon

Den Alex Kirsch huet mam John Degenkolb ee séiere Mann an der Equipe iwwerdeems den Giulio Ciccone bei Trek-Segafredo an den Bierger dierft vir dobäi sinn. Dat lescht Joer gouf d’Course vum Spuenier Marc Soler virum Simon Yates gewonnen

Zu Saint Germain en Laye ass den Depart vun der éischter Etapp vu Paris-Nice.

Paris-Nice kënnt dir vun e Sonndeg live bei de Kollege vun der Telé an hei op RTL.lu suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO