Bei gudden Temperaturen, awer schmeierem Wieder gouf de Prolog gefuer. Am Ganze sinn déi Kéier 17 Ekippen um Depart, dorënner 13 ProKontinental-Ekippen an d’Lëtzebuerger Nationalekipp. Eng World-Tour-Ekipp ass dëst Joer net mat vun der Partie. Ënnert deenen am Ganzen 116 Coureure si 14 Lëtzebuerger, dorënner de Pit Leyder, den Tom Wirtgen an de Kevin Geniets.