Um Sonndeg stoung an der Tour de France déi 9. Etapp um Programm. Et goung iwwer 170,5 Kilometer vu Saint-Etienne op Brioude. Virun de Coureure louch mat der Mur d’Aurec-sur-Loire ee Bierg vun der éischter Kategorie. Aus enger Echappée eraus war et um Enn den Daryl Impey, dee sech d’Victoire sécher konnt. Zweete gouf den Tiesj Benoot virum Jan Tratnik.
De Peloton mat de Favoritte vum Tour an dem Maillot Jaune Julian Alaphilippe hat um Enn ee Réckstand vu 16 Minutten a 25 Sekonnen.
Un der Spëtzt vum General huet sech näischt geännert. Den Alaphilippe huet weiderhin 23 Sekonne Virsprong op den Giulio Ciccone.
Fréi an der Course, no 15 Kilometer, konnt sech d’Echappée vum Dag ofsetzen. Ënnert de 14 Coureuren, déi sech ofsetze konnte, waren ënnert anerem de Jesus Herrada (Cofidis), dee sech och beim Tour duerch Lëtzebuerg zwou Etappen an de General séchere konnt, den Tony Martin (Jumbo-Visma), den Nicholas Roche (Sunweb) an den Edvald Boasson Hagen (Dimension Data).
No 35 Kilometer konnt de Marc Soler sech dem Spëtzegrupp uschléissen. 120 Kilometer virun der Arrivée war et dem Spëtzegrupp gelongen, eng Avance vun iwwer 10 Minutten erauszefueren, sou dass ee konnt dovun ausgoen, dass de Vainqueur vun der 9. Etapp ee vun de 15 Männer aus der Echappée wäert sinn.
Ronn 41 Kilometer virum wäisse Stréch war et de Lukas Pöstlberger (Bora-hansgrohe), dee sech aus der Echappée eraus als Solist probéiere wollt.
Fir de Pöstlberger sollt et um Enn awer net duergoen. An der leschter Montée vum Dag, der Côte des Saint-Just, waren et de Nicholas Roche, den Tiesj Benoot an den Daryl Impey, déi als éischt Coureuren op déi leschten 10 Kilometer gaange sinn. De Maillot Jaune, de Julian Alaphilippe, hat mam Peloton iwwerdeems zu dësem Zäitpunkt ee Retard vu 14 Minutten op d’Leadere vum Dag.
Nodeems de Roche huet missen ofräisse loossen, war et den Daryl Impey, dee sech am Sprint géint den Tiesj Benoot duerchsetze konnt a sech soumat déi 9. Etapp séchere konnt.
Am General bleift alles beim Alen. De Julian Alaphilippe bleift de Leader an huet weiderhin 23 Sekonnen Avance op den Giulio Ciccone an 53 Sekonnen op den Thibaut Pinot.

