3 Jours de Bruges - La PanneDylan Groenewegen wënnt Course am Sprint

RTL Lëtzebuerg
166 Coureuren hu sech op de Wee gemaach, fir déi 200,3 Kilometer hannert sech ze bréngen. Ënnert hinne waren och 3 Lëtzebuerger.
© Twitter Driedaagse_

Eng kleng Grupp konnt sech kuerz nom Start ofsetzen a si hunn de Gros vun der Course dominéiert. No 60 Kilometer haten déi 6 Leit un der Spëtzt eng Avance vun ëm déi véier an eng hallef Minutt, dee souguer nach bis op 5 Minutten eropgaangen ass.

Well de Peloton net séier genuch war, hu 5 Coureuren et op eege Fauscht probéiert, fir bäizekommen. Si konnten dem Peloton eng 30 Sekonnen ofhuelen, waren awer nach knapp 4 Minutten hannert dem Spëtzegrupp, datt ronn 100 Kilometer virun der Arrivée. 60 Kilometer virun der Arrivée goufen déi 5 Leit aus der Konterattack agefaangen an de Virsprong vun de Leit un der Spëtzt ass ëmmer méi kleng ginn.

Drock aus dem Peloton koum vu Katusha, Jumbo-Visma a Bora-Hansgroe, esou datt déi 6 Leit un der Spëtzt nach just zwou an eng hallef Minutt Avance haten, dat 50 Kilometer virun der Arrivée. 20 Kilometer méi wäit louch den Ecart nach bei knapp 100 Sekonnen.

25,5 Kilometer virun der Arrivée ass et an de leschten Tour vun der Course gaangen. Si haten nach knapp 1 Minutt an 11 Sekonne Virsprong op de Peloton, wou am Moment Quickstep a Sky fir Tempo gesuergt hunn. 15 Kilometer virun der Arrivée war de Moment komm, wou den Tom Wirtgen [Wallonie-Bruxelles] huet misste lassloossen. Hien hat seng Aarbecht geleescht a vill fir seng Leader geschafft. De Virsprong vun der Echappé louch nach bei ëm déi 15 Sekonnen.

11 Kilometer virun der Arrivée gouf et eng Chutte vir am Peloton, dee vill Leit hannert sech blockéiert huet. Déi Coureuren, déi net an den 20 Leit vir waren, haten elo nach just wéineg Chancen, fir hei d’Course nach ze wannen. De Bob Jungels [Deceuninck-Quick-Step] hat de Sprong awer an den éischten Deel vum Peloton gepackt. Den Alex Kirsch [Trek-Segafredo] gouf vun der Chutte blockéiert.

De Bob Jungels huet de Peloton an de Sprint gefouert. 2,5 Kilometer viru Schluss huet de Lëtzebuerger sech un d’Kapp vum éischte Peloton gesat an hei richteg fir Tempo gesuergt an de Peloton domadder e bëssen ausernee gezunn. Deen Tempo huet hien 1 Kilometer duerchgehalen an dono huet Sky d’Féierung iwwerholl.

Zum Schluss war et awer den Dylan Groenewegen vum Jumbo-Visma, dee sech hei d’Victoire konnt huelen. Hien ass virum Fernando Gaviria an dem Elia Viviani iwwert d’Zillinn gefuer.

Back to Top
CIM LOGO