Stage vun der FSCL-JugendFormatioun vun neien Talenter

RTL Lëtzebuerg
Op engem Stage zu Iechternach hat d'FSCL de Joergang 2006 an 2007 zesummegezunn, fir d'Preparatioun op déi nei Saison ze starten.
Formatioun vun neie Vëlostalenter
Op engem Stage zu Iechternach hat d’FSCL de Joergang 2006 an 2007 zesummegezunn, fir d’Preparatioun op déi nei Saison ze starten.

De Lëtzebuerger Vëlossport ass zanter laangem am Profissport op héchstem Niveau vertrueden. Och wann de Ben Gastauer an de Jempy Drucker dës Saison net méi am Peloton dobäi sinn, sou ass et awer weider wichteg, am Nowuesberäich gutt ze schaffen, fir de Wee op eng international Karriär virzebereeden. D’Vëlosfederatioun hat dëse Weekend e Stage organiséiert, op deen de Joergang 2006 an 2007 invitéiert war, fir déi néi Saison ze preparéieren.

Ronderëm d’Jugendherberg fënnt d’FSCL fir hir Sportler en optimalen Terrain fir ze trainéieren. Mam Mountain Bike gëtt Technik geschoult a gekuckt, wéi ee sech op dem schmuele Parcours vum Depart aus fort am Grupp positionéiert kritt.

Op héchstem Niveau sinn an der rezenter Vergaangenheet ëmmer méi jonk Coureure scho ganz wäit vir. D’Vëlosfederatioun huet festgestallt, datt awer och déi richteg Basis de Grondstee fir eng eventuell zukünfteg Profikarriär ass.

Bei engem éischte Stage ass et besonnesch interessant ze gesinn, wéi déi verschidde Sportler um an nieft dem Vëlo reagéieren a sech an de Grupp integréieren. Och wann den Nowuess sech schonn dacks op de Coursse begéint huet, sou hunn déi meescht sech awer nach net sou richteg kennegeléiert.

Um Sonndeg ass de Stage zu Iechternach op en Enn gaangen. Mat engem flotte Programm, dee provisoresch steet, huet dann och jiddwereen Zäit, dat wat en elo an der kuerzer Zäit geléiert huet, weider ëmzesetzen a sech sou op seng gesaten Ziler ze preparéieren.

Back to Top
CIM LOGO