VIDEO: Tour des FlandresGeléngt dem Bob Jungels den nächste Coup?

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg steet d'Tour des Flandres um Programm an do ass de Bob Jungels nieft dem Stybar oder Lampaert ee vun de grousse Favoritten.
Geléngt dem Bob Jungels den nächste Coup?
Um Sonndeg steet d’Tour des Flandres um Programm an do ass de Bob Jungels nieft dem Stybar oder Lampaert ee vun de grousse Favoritten.

D’Victoire bei Kuurne-Bréissel-Kuurne maach nach villäicht e bëssen iwwerraschend gewiescht sinn, mä no de Prestatiounen an de leschte Courssen zielt de Bob Jungels e Sonndeg beim Tour des Flandres zu de Favoritten. Mat dobäi och nach den Alex Kirsch an den Tom Flammang huet mat béide Coureuren iwwert hir Chancen an Aufgabe beim zweete Monument vun der Saison geschwat.

Dës 103. Editioun vum Tour de Flandres versprécht aus Lëtzebuerger Sicht ganz interessant ze ginn. Wuel feelt de Jempy Drucker, deen no senger Chute bei a Travers la flandre fir eng Zäit wäert ausfalen. Ob der anerer Säit sti mam Bob Jungels an Alex Kirsch awer 2 aner Coureuren um Depart, déi ee bis elo an der nach jonker Saison am Bild gesinn huet: De Bob Jungels zielt no senger Victoire bei Léck-Baaschtnech-Léck am leschte Joer elo ob engem ganz aneren Terrain zu de Favoritten.

Och de Frank Schleck weist sech begeeschtert vum Bob Jungels senge Leeschtungen.

Extrait Frank Schleck

No senger ganz staarker 5. Platz beim E3 Präis vun Harelbeke war de Lëtzebuerger Champion och e Mëttwoch excellent opgeluecht a stoung bei a travers la flandre mat um Podium. An der belscher Ekipp vun Deceunick-Quick Step kann een nieft dem Jungels, dee gäre scho fréi an der Course eng Entscheedung sicht, och op de Gewënner vum het Nieuwsblad an E3 Präis Zdenek Stybar an op de nelsche Champion Yves Lampaert zielen, iwwerdeems de Philippe Gilbert, dee virun 2 Joer nach no engem laange Solo gewanne konnt, an der Woch liicht krank war.

Nieft dem Quick-Step -Block dierf een e Sonndeg och op de Greg Van Avermaet, de Mathieu van der Poel an de Peter Sagan gespaant sinn. Iwwerdeems dem Alex Kirsch seng Ekipp vun Trek-Segafredo op eng gutt Kollektivleeschtung an ee gudden Dag vun hire Leader Degenkolb, Stuyven a Pedersen hofft.

No 270 Kilometer Course an nom Circuit zum Schluss mat Kwaremont a Paterberg wäerten nëmme nach déi Stäerkste vir sinn. Wien dozou gehéiert, gesitt dir e Sonndeg vu 14 Auer u live um 1. RTL op der Tëlee, um Radio an am Livestream op RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO