An enger animéierter Schlussphase, bei där virun allem Trek-Segafredo op den Tempo gedréckt huet, ka sech um Enn den Jasper Philipsen virum Wout Van Aert an dem Mads Pedersen duerchsetzen. De Maillot Jaune bleift op de Schëllere vum Jonas Vingegaard. De Bob Jungels fiert op der 15. Etapp mam Peloton op der 38. Plaz iwwert d’Linn d’Arrivée, de Kevin Geniets verléiert als 107. iwwer 12 Minutten, nodeems hien de Uschloss ronn 45 Kilometer viru Schluss verluer huet.
Bei Temperaturen iwwer 37 Grad sinn 2 Leit an d’Echappée komm. Den däitsche Meeschter Nils Politt vu Bora - Hansgrohe an de Mikkel Honoré vun Quick-Step - Alpha Vinyl sinn awer ronn 50 Kilometer virun der Arrivée agefaange ginn.
64 Kilometer viru Schluss ass et am Peloton zu enger Chutte komm, wou de Steven Kruijswijk dono net méi weider fuere konnt. Domat verléiert de Maillot Jaune Jonas Vingegaard nieft dem Primoz Roglic, deen net méi un den Depart vun der 15. Etapp gaangen ass, e weidere wichtege Coureur. Zu allem Iwwerfloss ass kuerz dorop och de Maillot Jaune gefall, de Vingegaard ass awer nees an de Peloton zeréck gefuer.
Dono ass d’Course méi animéiert ginn, a virun allem Trek-Segafredo an Ineos hunn am Peloton fir Tempo gesuergt. De Kevin Geniets huet am Bierg vun der 3. Kategorie eng 45 Kilometer viru Schluss wéi och vill aner Coureuren dunn misse lass loossen. Um Enn ass et dunn zum Sprint komm, wou de Jasper Philipsen déi beschte Been hat. Zweete gëtt den Wout Van Aert, drëtten de Mads Pedersen.
De Bob Jungels ass mam Peloton als 38. iwwert de wäisse Stréch gefuer iwwerdeems de Kevin Geniets als 107. 12 Minutten an 37 Sekonnen verluer huet.
Am General huet sech näischt gedoen. Hei bleift de Jonas Vingegaard mat 2 Minutten an 22 Sekonne virum Tadej Pogacar. De Bob Jungels leit mat engem Réckstand vun iwwer 23 Minutten op der 14. Plaz. De Kevin Geniets ass hei den 53. op 1 Stonn an 34 Minutten.
Muer um Méindeg ass et dann de leschte Roudag an dëser Tour de France, éier et e Dënschdeg an d’Pyrenäe geet.
