CyclissemKen Conter ass neie Champion bei den U23

RTL Lëtzebuerg
Zweete gouf de Misch Leyder, déi drëtte Plaz war fir den Arthur Kluckers.

Zu Gippingen an der Schwäiz stoung fir déi jonk Männer den Dräi-Länner-Championnat vun den U23 um Programm.

Nieft Coureuren aus Däitschland an der Schwäiz waren och Lëtzebuerger am Asaz.

Hei war et de Ken Conter (CCF Chambery Cyclisme Formation), deen no 166,1 Kilometer als éischte Lëtzebuerger iwwert de wäisse Stréch gefuer war. Hien hat um Enn eng Avance vun 1 an enger hallwer Sekonn op de Misch Leyder (VC Diekirch/ Leopard Cycling). Drëtte gouf den Arthur Kluckers (VC Schengen/ Leopard Pro Cycling) .

LINK: D'Resultater vun all de Lëtzebuerger

Back to Top
CIM LOGO