Grand-Prix de LuxembourgLoïc Bettendorf gëtt bei der Victoire vum Maurice Ballerstedt den 21.

RTL Lëtzebuerg
Bei der éischter Editioun vum Grand-Prix de Luxembourg koum de Lëtzebuerger mam Peloton iwwert de wäisse Strich.
VIDEO: Grand-Prix de Luxembourg
Beschte Lëtzebuerger gëtt de Loïc Bettendorf, deen als 21. mam Peloton iwwert d’Arrivée fiert.

Um Sonndeg stoung déi éischte Kéier de Grand-Prix de Luxembourg, de fréiere Grand-Prix Patton, um Programm. Nodeems gëschter de Grand-Prix General Patton gefuer gouf, dee säit dësem Joer nëmme nach een Dag dauert, goung et haut bei der neier Course op 120,5 Kilometer fir d’Junioren.

De Fransous Hugo Page, dee laang a Féierung louch, konnt sech um Enn net fir seng Leeschtung a säin Opwand belounen, dëst well hien huet missen opginn.

Bei der Victoire vum Däitschen Maurice Ballerstedt, dee sech aus enger Echappée eraus duerchsetze konnt, gouf de Lëtzebuerger Loïc Bettendorf den 21., dëst an der selwechter Zäit wéi de Peloton.

Weider Fotoen op pressphoto.rtl.lu.

Back to Top
CIM LOGO