CyclissemMarie Schreiber ënnerschreift bei Ekipp vu Christine Majerus

RTL Lëtzebuerg
D'Marie Schreiber kritt e Kontrakt bei SD Worx a fiert vun Ënn Februar un zesumme mam Christine Majerus an enger Ekipp.
Interview mam Marie Schreiber
D’Lëtzebuerger Cyclistin huet e Kontrakt bei SD Worx ënnerschriwwen.

SD Worx ass eng vun de weltbeschten Ekippen am Damme-Vëlossport. Déi 19 Joer al Sportlerin huet e Kontrakt vun dräi Joer ënnerschriwwen. An der aktueller Cyclocross-Saison wousst d’Marie Schreiber mat gudde Resultater z’iwwerzeegen a konnt dacks Top-10-Placéierunge realiséieren.

Bis elo huet sech dat 19 Joer alt Talent praktesch just op de Cyclocross konzentréiert. Bei der neier Ekipp sollen d’Stroossecourssen awer och net ze kuerz kommen.

Marie Schreiber

“Mäin Haaptfokus, ass nach ëmmer de Cyclocross. Et gesäit een awer bei de Männer a mëttlerweil och bei de Fraen, datt wann een am Cyclocross vir bäi fuere wëll, datt déi meescht och ee komplette Stroosseprogramm hunn. Fir mech ass dat elo och ee logeschen Step, fir béid Saachen ze kombinéieren. Ech hat nach ni eng komplett Stroossesaison an dofir sinn ech elo frou, datt ech dee Schratt a menger Karriär maache kann. An dat mat der beschter Ekipp am Dammevëlosport. Et si lauter Equipièren déi immens vill Experienz hunn a wou ech vill léiere kann. Ech si gespaant, wat esou de ganze Summer iwwer kënnt.”

E Sonndeg fiert si dat nationaalt Championnat am Cyclocross zu Mamer a geet bei den Dammen an der Favoritteroll un de Depart.

Back to Top
CIM LOGO