Tour duerch KolumbienMolano wënnt nees am Sprint, Jungels zäitgläich am Peloton

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg goung et iwwer 177 Kilometer op der 3. Etapp a Kolumbien vu Paipa op Sogamoso.
© Sigrid Eggers | Deceuninck - Quick-Step Cycling Team

Gewonne gouf d’Etapp, genau wéi schonn e Mëttwoch, am Sprint vum Kolumbianer Juan Sebastian Molano, dat viru sengem Landsmann Alvaro Hodeg. Op déi drëtte Plaz koum den Alvaro Chagui, och e Kolumbianer.

Si goufe mat enger Zäit vu 3 Stonnen a 57 Minutte gestoppt, genau esou, wéi och de Bob Jungels, deen als 108 iwwert d’Arrivée gefuer ass.

Am General bleift de Caicedo Leader, dat viru sengen Teamkomeroden Higuita a Martinez. Hei läit de Bob Jungels elo op der 31. Plaz mat engem Retard vun enger Minutt a 16 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO