Et war eng richteg animéiert Etapp, wou et vill Attacke goufen an um Enn eng ganz souverän Victoire vum Nairo Quintana. De Kolumbianer wënnt nämlech d’Etapp en solitaire virum Romain Bardet an dem Aleksei Lutsenko. Doduerch mécht de Quintana och am General nees e grousse Sprong no vir. Am General bleift weiderhin de Julien Alaphilippe a Giel. De Fransous hat am Galibier wuel seng Schwieregkeeten, konnt an der Descente awer nees erukommen. Eenzeg den Egan Bernal konnt Zäit op hie guttmaachen, de Kolumbianer mécht och elo e Sprong op déi 2. Plaz am General mat engem Retard vun 1 Minutt an 30 Sekonnen. Den Geraint Thomas huet als 3. nach 5 Sekonne méi Réckstand.
Op der 18. Etapp ass et en Donneschdeg iwwer 208 Kilometer vun Embrun op Valloire gaangen. Déi éischt ganz schwéier Alpen-Etapp mat zwee Bierger vun der 1. Kategorie an der zwee hors catégorie (Col d’Izoard a Col du Galibier) huet op d’Coureure gewaart.

Et war eng ganz onroueg Ufanksphas, wou ganz vill Leit probéiert hunn, fir fortzekommen. Ufanks waren och e puer Coureure fortkomm, ma déi goufen no enger Zäit nees ageholl. Am Uschloss, no ronn 5 Kilometer, konnt sech dunn awer e Spëtzegrupp vu 34 Coureuren ofsetzen. Dat waren den Dylan Van Baarle (Ineos), Max Richeze (Deceuninck-Quick Step), Romain Bardet, Mikaël Chérel, Matthias Frank (AG2R-La Mondiale), Damiano Caruso (Bahrain-Merida), Matthieu Ladagnous (Groupama-FDJ), Nairo Quintana, Andrey Amador, Carlos Verona (Movistar), Gorka Izagirre, Alexej Lutsenko (Astana), Amund Groendahl Jansen, Mike Teunissen (Jumbo-Visma), Alberto Bettiol, Michael Woods (EF Education First), Adam Yates, Daryl Impey, Chris Juul Jensen (Mitchelton-Scott), Greg Van Avermaet, Simon Geschke, Serge Pauwels (CCC), Sergio Henao (UAE Team Emirates), Julien Bernard (Trek-Segafredo), Nikias Arndt, Lennard Kämna (Sunweb), Pierre-Luc Périchon, Stéphane Rossetto (Cofidis), Tiesj Benoot, Jasper De Buyst, Tim Wellens (Lotto-Soudal), Paul Ourselin (Total Direct Energie), Nils Politt (Katusha-Alpecin) an Amaël Moinard (Arkéa-Samsic).
Am Spëtzegrupp goung et engersäits natierlech drëms, fir d’Etapp ze gewannen, awer och drëms, Punkten an der Biergwäertung ze sammelen. Mat der Zäit ass de Spëtzegrupp aus dëse Grënn dunn och no an no auserneegefall an et konnte sech ëmmer nees Leit ofsetzen.
Zu 10 Coureuren, dorënner Woods, Pauwels, Lutsenko, Kämna, Chérel, Benoot, Bardet, Quintana, Caruso a Yates, ass d’Spëtzt an de Col du Galibier eragefuer. 26 Kilometer virun der Arrivée an domat 7 Kilometer virum Sommet huet et dunn den Nairo Quintana op eege Fauscht probéiert an dat mat Succès. De Bardet an de Lutsenko hunn als eenzeg nogesat, mä si sollten net méi un de Kolumbianer erukommen, deen d’Etapp schlussendlech en solitaire fir sech entscheede konnt, dat virum Romain Bardet.
Aus dem Peloton eraus huet ee weidere Kolumbianer säi Gléck versicht. Do war et nämlech den Egan Bernal, deen attackéiert huet an do konnt keen direkt nosetzen.
Kuerz virum Sommet huet dunn och den zweete Mann vun Ineos, den Geraint Thomas attackéiert an du gouf den Tempo richteg ugezunn an den Alaphilippe hat de Kontakt zum Grupp mat de Favoritte verluer.
An der Descente konnt den Alaphilippe dunn awer nees ganz séier opschléissen an hien huet och d’Tempoaarbecht am Grupp mat de Favoritten iwwerholl, et sollt awer net méi duergoen, fir de Bernal anzehuelen, deen also e bëssen Zäit guttmaache konnt.
