
E Samschdeg huet de Remco Evenepoel fir eng weider fauschtdéck Iwwerraschung am Cyclissem gesuergt. De Belsch huet sech nämlech d’Victoire bei der Clásica San Sebastián geséchert. Mat 19 Joer an 190 Deeg ass hien de jéngste Gewënner vun de gréisseren Eendagescourssen zanter 1925.
No 227,3 Kilometer hat de Coureur vun Deceuninck-Quick Step e Virsprong vun 38 Sekonnen op de Belsch Greg van Avermaet an de Schwäizer Marc Hirschi.
Den Evenepoel hat am leschte Bierg vum Dag den Tom Skujins vun Trek-Segafredo stoe gelooss a war déi lescht 7 Kilometer eleng ënnerwee. Fir hien ass et déi éischt Victoire bei enger WolrdTour-Course.
De Kevin Geniets ass d’Course net op een Enn gefuer.
1 EVENEPOEL, Remco (DQT) 5H 44' 27"
2 VAN AVERMAET, Greg (CCC) + 0' 38"
3 HIRSCHI, Marc (SUN) + 0' 38"
4 IZAGIRRE, Gorka (AST) + 0' 38"
5 MOLLEMA, Bauke (TFS) + 0' 38"
6 KONRAD, Patrick (BOH) + 0' 38"
7 VANENDERT, Jelle (LTS) + 0' 38"
8 MAS, Enric (DQT) + 0' 38"
9 WOODS, Michael (EF1) + 0' 38"
10 VALVERDE, Alejandro (MOV) + 0' 38"