
An Australien gouf an der leschter Nuecht déi 3. Etapp vun der Tour Down Under gefuer. Hei war et de Lokalmatador Richie Porte, deen der Course säi Stempel opgedréckt huet a kee Coureur konnt mat him mathalen.
Am Generalklassement huet de Richie Porte elo 6 Sekonnen op den Aryl Impey an 9 op de Rob Power. De Ben Gastauer ass elo 85. op 6 Minutten 36 Sekonnen an de Michel Ries den 114. op 11 Minutten.