E Samschdeg stoung déi 7. Etapp vum Critérium du Dauphiné um Programm. Et war eng schwéier Biergetapp iwwer 134,8 Kilometer vu Saint-Chaffrey op Vaujany.
Nodeems de Leader am Klassement Wout van Aert et am Ufank probéiert hat, an eng Echappée ze kommen, hunn et awer schlussendlech 18 anerer Coureure gepackt, an d’Echappée vum Dag ze kommen. Mat dobäi war och de Mark Donovan vun der Ekipp DSM, dee sech am Col de la Croix de Fer ofgesat huet. 38 Kilometer viru Schluss ass hien awer erëm agefaange ginn a kuerz drop hu sech mat Mühlberger, Verona, Elissonde, Lafay und Rolland fënnef Coureuren ofgesat. Déi 5 sinn och zesummen iwwert de Sommet gefuer an hate nach ronn 2 Minutten Avance op de Peloton.
Hannendrun huet aus Lëtzebuerger Siicht de Kevin Geniets den Tempo am Peloton gemaach an de grousse Grupp huet sech doropshi massiv verklengert. Duerch seng Aarbecht huet hien awer och kuerz virum Sommet den Uschloss verluer. An der Descente konnt de Peloton de Retard verkierzen.
Virun der leschter Montée vun der 2. Kategorie louchen de Carlos Verona an de Kenny Elissonde un der Spëtzt an de Verona huet direkt attackéiert. Am Peloton huet de beschte Jonken Ethan Hayter misse lassloossen an et goufen eng Rei Tempoverschäerfungen. Fir de Carlos Verona sollt de Virsprong awer duergoen an hien huet seng 1. Victoire vu senger Karriär gefeiert. De Primoz Roglic (Jumbo-Visma) konnt sech op de leschte Kilometer vu senge Konkurrenten ofsetzen a koum op déi 2. Plaz. Säin Teamkolleeg Jonas Vingegaard huet sech déi 3. Plaz geséchert. De Kevin Geniets gouf um Enn den 51. op iwwer 8 Minutten.
Am General huet de Primoz Roglic d’Féierung virum Vingegaard an dem Ben O’Connor (AG2R) iwwerholl. De Geniets läit do op der 35. Plaz mat engem Retard vun iwwer 11 Minutten.
Um Sonndeg steet um leschten Dag eng weider Biergetapp um Programm.
1 VERONA Carlos Movistar Team 3:53:35
2 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 0:13
3 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:25
4 O’CONNOR Ben AG2R Citroën Team 0:27
5 JOHANNESSEN Tobias Halland Uno-X 0:39
6 CHAVES Esteban EF Education-EasyPost 0:40
7 GAUDU David Groupama - FDJ ,,
8 MEINTJES Louis Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux ,,
9 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers 0:48
10 HAIG Jack Bahrain - Victorious 0:56
...
51 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 8:48
1 ROGLIČ Primož Jumbo-Visma 25:22:08
2 VINGEGAARD Jonas Jumbo-Visma 0:44
3 O’CONNOR Ben AG2R Citroën Team 1:24
4 GEOGHEGAN HART Tao INEOS Grenadiers 1:30
5 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 1:32
6 GAUDU David Groupama - FDJ 1:40
7 JOHANNESSEN Tobias Halland Uno-X Pro Cycling Team 2:05
8 JORGENSON Matteo Movistar Team 2:06
9 HAIG Jack Bahrain - Victorious 2:12
10 MEINTJES Louis Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 2:16
...
35 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 11:24