Um Enn war et de Wout van Aert, dee sech am Sprint duerchsetze konnt, dat virum Elia Viviani an dem Caleb Ewan.
Och wann et vum Profil hier eng Etapp fir d’Sprinter war, hunn eng ganz Partie Favoritten e Méindeg Zäit verluer, dat well am Peloton Deceuninck Quick-Step an Ineos een immens héijen Tempo gefuer sinn an duerch de Wand ass de Peloton auserneegefall.
Am Maillot Jaune bleift de Julian Alaphilippe, hien huet elo eng Avance vun 1 Minutt an 12 Sekonnen op den Gerant Thomas.
Direkt zum Ufank vun der Etapp hunn e puer Coureure probéiert, sech ofzesetzen, schlussendlech waren et dunn dës sechs Cyclisten, déi et an de Spëtzegrupp gepackt haten: Tony Gallopin (Ag2r), Michael Schär (CCC), Natnael Berhane (Cofidis), Odd Christian Eiking (Wanty Gobert), Mads Würtz Schmidt (Katusha), Anthony Turgis (Total Direct Energie). Dës 6 Coureuren haten eng maximal Avance vun eppes Klenges iwwer 3 Minutten.
Am Peloton hu virun allem d’Ekippe vun de Sprinter fir den Tempo gesuergt. Tëschenduerch haten och d’Ekippe vun de Favoritten eemol méi ferm an d’Pedalle gedréckt an do hat sech de Peloton och emol gespléckt, ma kuerz drop ass den Tempo nees gefall an den zweete Peloton konnt nees opschléissen.
Ronn 35 Kilometer virun der Arrivée koum dunn eng ganz wichteg Phas. Do sinn ënnert dem Impuls vun Deceuninck Quick-Step, Ineos a Bora Lächer am Peloton entstanen an do sinn direkt epuer gréisser Gruppen entstanen.
Favoritte goufen ofgehaangen an d’Echappé gouf agefaangen, esou dass et mat enger komplett neier Situatioun op déi lescht 25 Kilometer gaangen ass. Ënnert anerem goufe Leit wéi Ura, Pinot, Ciccone, Fuglsang, Nibali, Landa, Aru a Porte ofgehaangen. Och den Dylan Groenewegen, dee favoriséiert war, d’Etapp ze gewannen.
De Grupp ëm den Uran, de Fuglsang, de Porte an déi aner Favoritten hat nach bal emol den Uschloss fonnt, ma vir waren d’Ekippen Ineos a Bora einfach ze staark an am zweete Peloton waren net méi genuch Hëllefer mat dobäi, esou dass d’Avance vum éischte Peloton ëmmer méi grouss ginn ass.
Aus dësem éischte Grupp eraus war et de Wout van Aert, dee sech d’Etappevictoire am Sprint séchere konnt. De Grupp ëm d’Favoritten, déi ofgehaange goufen, koum mat engem Retard vun 1 Minutt an 39 Sekonnen an d’Zil.

