Tour duerch d'Belsch: 3. EtappYves Lampaert séiersten am Zäitfueren, Alex Kirsch op Plaz 8

RTL Lëtzebuerg
Am Tour duerch d'Belsch stoung e Freideg een Zäitfueren iwwer 11 Kilometer zu Scherpenheuvel-Zichem um Programm.
© rossbellphoto (Archiv)

Am Tour duerch d’Belsch gouf et e Freideg am Zäitfueren iwwer 11 Kilometer e Succès vum Belsch Yves Lampert. Hien hat eng Avance vu siwe Sekonnen op den Dän Mads Pedersen.

Den Alex Kirsch ass mat engem Retard vu 16 Sekonnen op déi gutt 8. Plaz komm. Den Alexandre Kess hat als 113. e Réckstand vun enger Minutt 45 an de Luc Wirtgen huet als 120. eng Minutt an 59 Sekonne méi laang gebraucht wéi den Etappegewënner.

Leader am General ass de Mads Pedersen. Hien huet e Virsprong vun 10 Sekonnen op den Yves Lampaert.

Den Alex Kirsch ass den 48. op dräi Minutten a 34 Sekonnen. Den Alexandee Kess ass den 104. op 13 Minutten an 48 Sekonnen an de Luc Wirtgen ass den 118. op 14 Minutten a 57 Sekonnen.

D’Klassement vun der Etapp

1 LAMPAERT Yves Quick-Step Alpha Vinyl Team 0:13:39
2 PEDERSEN Mads Trek - Segafredo 0:07
3 HOOLE Daan Trek - Segafredo 0:10
4 RIESEBEEK Oscar Alpecin-Fenix 0:12
5 HANSEN Lasse Norman Uno-X Pro Cycling Team 0:14
6 VERMEERSCH Florian Lotto Soudal 0:15
7 GATE Aaron Bolton Equities Black Spoke Pro Cycling 0:16
8 KIRSCH Alex Trek - Segafredo ,,
9 MEEUS Jordi BORA - hansgrohe 0:17
10 WELLENS Tim Lotto Soudal 0:19
...
113 KESS Alexandre Geofco-Doltcini Materiel Velo.com 1:45
121 WIRTGEN Luc Bingoal Pauwels Sauces WB 1:57

De General

1 PEDERSEN Mads Trek - Segafredo 7:51:43
2 LAMPAERT Yves Quick-Step Alpha Vinyl Team 0:10
3 WELLENS Tim Lotto Soudal 0:24
4 RIESEBEEK Oscar Alpecin-Fenix 0:25
5 PHILIPSEN Jasper Alpecin-Fenix 0:28
6 SCHMID Mauro Quick-Step Alpha Vinyl Team ,,
7 ZINGLE Axel Cofidis 0:38
8 SÉNÉCHAL Florian Quick-Step Alpha Vinyl Team 0:43
9 HERMANS Quinten Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 0:46
10 VAN POPPEL Danny BORA - hansgrohe 0:48
...
48 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 3:34
104 KESS Alexandre Geofco-Doltcini Materiel Velo.com 13:48
118 WIRTGEN Luc Bingoal Pauwels Sauces WB 14:57

Back to Top
CIM LOGO