MixVoip League an der RTL Live ArenaD'Häre-Finall Luerenzweiler-Stroossen um 17.30 Auer an d'Damme-Finall Gym-Mamer um 20 Auer am Stream

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg gëtt am Hären- an am Damme-Championnat jeeweils déi zweet Finall am Best-of-Three-Modus gespillt.

E Samschdeg den Owend kënnt et um 17.30 Auer zum zweete Match tëscht Luerenzweiler a Stroossen. Déi éischt Partie konnten déi Stroossener mat 3:1 fir sech entscheeden an hunn domat elo d’Chance, den Titel mat enger weiderer Victoire kloer ze maachen.

Duerno kënnt et dann um 20.00 Auer och nach bei den Dammen zum zweete Finall-Match tëscht dem Gym Volley an dem VC Mamer. Hei gouf et am éischte Match eng 3:2-Victoire fir d’Ekipp vu Mamer. Et bleift spannend, op si um Samschdegowend scho fir d’Decisioun suerge kënnen, oder ob den Gym Volley en drëtte Match erzwénge kann.


De Livestream vu weidere Matcher aus dem Volleyball-Championnat an der RTL Live Arena

De Programm vun all de Livestreamen aus der RTL Live Arena.

Back to Top
CIM LOGO