MixVoip League an der RTL Live ArenaLuerenzweiler-Stroossen bei den Hären a Walfer-Mamer bei den Dammen um 20 Auer am Stream

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend steet am nationale Volleyball-Championnat bei den Hären a bei den Dammen de 14. Spilldag um Programm.

Bei den Hären ass um 20.00 Auer den Tabelleleader VC Stroossen beim Drëtte VC Luerenzweiler op Besuch. Bei den Damme spillt de Leader Mamer beim Véierten, dem RSR Walfer. Béid Partien an och déi aner Dueller vum 14. Spilldag kënnt Dir an der RTL Live Arena suivéieren.


De Livestream vu weidere Matcher aus dem Volleyball-Championnat an der RTL Live Arena

De Programm vun all de Livestreamen aus der RTL Live Arena.

Back to Top
CIM LOGO