
Den 11 Joer jonke Riccardo huet d’lescht Woch 6 Kilometer ze Fouss aus der Schoul an der Géigend vun der Cortina d’Ampezzo missen heem goen, well hien net genuch Suen dobäi hat. D’Busfirma hat d’Ticketspräisser wéinst den Olympesche Wanterspiller, déi vum 6. bis den 22. Februar an Italien sinn, vun 2,5 op 10 Euro erhéicht. Aktuell sinn äiseg Temperaturen an et läit och vill Schnéi am Schigebitt am Häerz vun den Dolomiten. De Bouf ass no ronn annerhallwer Stonn ënnerkillt doheem ukomm.
An der Suite hu sech souwuel d’Politik, wéi och d’Organisateure vun den Olympesche Wanterspiller ageschalt. Béid Parteien hunn dës Aktioun verurteelt. Wéi si der Noriichtenagence AFP confirméiert hunn, soll de Riccardo eng “symbolesch Roll” bei der offizieller Ouverture kréien. Wat dat genau soll sinn, gouf net präziséiert.
Donieft gouf vun der Säit vun der Famill vum Riccardo eng Plainte wéinst deposéiert, well d’Wuel vum Bouf a Gefor war. De Buschauffer, deen hie weder mathuelen, nach him säin Ticket vun 2,5 Euro zeréck ginn huet, ass vu sengem Patron suspendéiert ginn.