American FootballSeahawks géint Patriots: De Remake vum Super Bowl vun 2015

Sam Rickal
An der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg steet am American Football de Super Bowl um Programm. Zu Santa Clara an den USA kréien et d'New England Patriots mat de Seattle Seahawks ze dinn.
© CHRIS GRAYTHEN / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / GETTY IMAGES VIA AFP

Et ass de Remake vun der “NFL-Finall” vun 2015. Virun 11 Joer hu sech d’Seahawks 24:28 géint d’Patriots misse geschloe ginn. Et war dee leschte Super Bowl fir Seattle. New England dogéint konnt sech 2019 nach eng Kéier d’Kroun an der NFL opdinn. No der Ära mam Tom Brady an dem Trainer Bill Belichick hate si e puer manner gutt Joren, genau sou war et och bei de Seahawks de Fall.

Et ass de 60. Super Bowl. Gespillt gëtt am Levi’s Stadium zu Santa Clara a Kalifornien. Ronn 75.000 Spectateure passen an de Stadion vun de San Francisco 49ers. D’Tickete sollen am Duerchschnëtt ëm 10.000 US-Dollar kaschten, eng Parkplaz virum Stadion dogéint ëm 700 US-Dollar. Nach méi deier si Medien no d’Publicitéiten, déi verkaaft goufen. 30 Sekonne Pub kaschte ronn 8 Milliounen US-Dollar. Virun 10 Joer gouf de 50. Super Bowl well Levi’s Stadium ausgedroen.

Alles dréint sech ëm d’"Vince Lombardi Trophy”, déi nom fréieren Head Coach vun de Green Bay Packers Vince Lombardi benannt gouf. D’Coupe aus Sterlingsëlwer ass 55 Zentimeter héich a weit 3,5 kg. Si gëtt all Joer nei hiergestallt a kascht ëm 30.000 US-Dollar.

© CHRIS GRAYTHEN / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / GETTY IMAGES VIA AFP

Béid Ekippen hat keen op der Rechnung

Wuel déi mannst American-Football-Supporter hätte virun dëser Saison op e Super Bowl tëscht de Patriots an de Seahawks getippt. Déi zwou “Franchise” woussten awer schonn an der Regular Season ze iwwerzeegen: 14 Victoiren an nëmmen 3 Defaiten. D’Stäerkte leien op béide Säiten an der Defense. Impressionant si virun allem d’Ausgangspositioune vun deenen zwou Formatiounen.

New England ass, iwwert déi lescht Jore gekuckt eng vun deenen erfollegräichste Franchisen. Zanter 2000 konnte si sechs Mol de Super Bowl gewannen. Mat dobäi war all Kéiers de fréiere Star-Quarterback Tom Brady an och dräi Mol de Mike Vrabel. De 50 Joer alen Amerikaner ass zanter Ufank 2025 den Head Coach vun de Patriots a konnt sech direkt a senger éischter Saison fir de Super Bowl qualifizéieren. Dobäi konnt hien op déi staark Prestatioune vum Drake Maye zielen. Den 23 Joer ale Quarterback huet a senger réischt zweeter Saison an der National Football League (NFL) mat staarke Leeschtungen op sech opmierksam gemaach an ass och am Gespréich fir de Most Valuable Player (MVP) vun der Saison ze ginn.

Och bei Seattle goufen et an de leschte Joren e puer Changementer. Zanter 2024 steet de Mike Macdonald bei de Seahawks an der Responsabilitéit. Den 38 Joer alen Trainer huet et a senger zweeter Saison an de Super Bowl gepackt, dee seng Faarwe réischt eng Kéier 2014 gewanne konnten. Dat wëlle si e Sonndeg beschtméiglech widderhuelen, dofir muss och de Sam Darnold a Form sinn. 2018 gouf den 28 Joer ale Quarterback bei den New York Jets gedraft. Iwwerzeege konnt hien an der Vergaangenheet ni richteg. No senge Statioune bei de Carolina Panthers, de San Francisco 49ers an de Minnesota Vikings huet hie virun dëser Saison bei de Seahawks ënnerschriwwen.

Zum Super Bowl gehéiert och eng grouss Show

Virun allem denkt een do direkt un déi ominéis “Halftime-Show”, déi dëst Joer vum Museker a frëschgebakene Grammy-Gewënner Bad Bunny encadréiert gëtt. Ronn 15 Minutte wäert seng Show an der Paus tëscht den zwou Hallschenten daueren. Donieft sinn awer och well virum Match Show-Elementer ageplangt. D’Band Green Day performt virun der Partie, den Charlie Puth sengt déi amerikanesch Nationalhymne, d’Brandi Carlile dogéint “America the Beautiful” an d’Coco Jones “Lift Every Voice and Sing”.

Nieft der gewinnt grousser Show vun den Amerikaner wäert och nees déi international Prominenz zu Santa Clara mat dobäi sinn. Weltwäit suivéiere ronn 200 Millioune Leit de Super Bowl, dee vun der Popularitéit vergläichbar mat den Olympesche Summerspiller an der Futtball Weltmeeschterschaft ass.

Back to Top
CIM LOGO