SquashWat mécht dee Sport aus a viru wéi engen Erausfuerderunge steet een hei am Land?

Yannick Gross
Um Beispill vum Squash Club Schengen stelle mer Iech déi Sportaart méi genee vir.
Wat mécht Spuasch aus a viru wéi engen Erausfuerderunge steet een hei am Land?
Um Beispill vum Squash Club Schengen stelle mer Iech déi Sportaart méi genee vir.

Zanter méi wéi 5 Joer gëtt et de Squash Club vu Schengen. Trainéiert gëtt beim Veräin zu Elweng an der Sportshal, dat wëll et un Infrastrukture feelt. Wéi de Club improviséiert, fir dat Bescht aus der Situatioun ze maachen, wat d’Problemer vum Veräi sinn a wat Squash als Sport genau ausmëscht, dat war sech de Yannick Gross méi genau ukucken.

Squash ass eng Sportaart, déi vill Leit warscheinlech net esou gutt kennen an awer gëtt se och hei zu Lëtzebuerg gespillt. Beim Squash Club vu Schengen probéiert een eng Adress ze si fir jiddereen, deen dëse Sport ausprobéiere well, an awer och fir Spiller a virun allem Spillerinne mat internationalem Niveau wéi beispillsweis déi Schwäizer Spillerin Nadia Pfister.

Wéinst engem Mangel un Infrastrukturen, virun allem engem spezielle Squash Terrain, huet ee sech awer eppes missen afale loosse beim Club. D’Léisung, fir ze trainéieren, war de weltwäit éischte provisoresche Squash-Terrain an der Sportshal zu Elweng, dee vill Positives méiglech gemaach huet.

“Fir de Squash huet et sech als ganz wichteg erausgestallt. Duerch déi exzeptionell, mee provisoresch Infrastruktur ass et eis gelongen, méi Leit un de Squash erunzebrénge wéi normal,” seet d’Presidentin vum Squash Schengen Nancy Keiser. “Wann s de op engem normale Squashterrain 4-6 Leit um Terrain hues, bass de op der äusserster Limitt an du muss direkt e puer Terrainen lounen, wat dann natierlech ee Käschtepunkt ass.”

Fir den Training bei Ufänger ass esou een Terrain also ausräichend. Wann een de Sport awer well a Matchform spillen oder op méi héijem Niveau trainéieren, ass ee richtegen Terrain awer net ze ersetzen. Dat ass ee grousse Problem ass fir de Schengener Veräin.

“Hei sollt am Fong op den éischte Stack vun der Hal eng Tribün, eng Buvette an eben ee Squashterrain kommen. Dat ass och esou votéiert gi vun eisem Gemengerot. Leider ass et dann dono dozou komm, dass d’Federatioun op der Gemeng Rendez-vous hat an datt si de Projet vum Terrain gestrach hunn. Ech hunn awer einfach eng limitéiert Surface an der Hal a mir mussen déi och ëmmer hale fir d’Kanner ze beweegen. Mir brauchen awer och iergendwann ee richtegen Terrain. D’Nadia Pfister ass hei, eng Profispillerin, déi ech reegelméisseg trainéieren. Hatt spillt och an der Schwäizer Meeschterschaft. Mir fueren dann ëmmer op een aneren Terrain, wat natierlech rëm ee Käschtepunkt méi ass,” bedauert den Trainer vum Veräin Marc Thrill.

De Squash als Sport selwer gëtt awer och insgesamt ëmmer méi beléift. De Spaass beim Spille steet niewent der Kompetitioun awer och am Vierdergrond, mee wat mech dëse Sport dann eigentlech sou speziell?

“D’Gréisst vum Ball ass definitiv méi kleng wéi beim Tennis beispillsweis. Et ass och déi eenzeg Ballsportaart, wou ee mam Géigner op engem Terrain steet”, erkläert den Assistenztrainer Niklas Rosin. “Beim Tennis ass een ëmmer op zwou Säiten, beim Badminton och. Et muss ee mam Géigner een Espace deelen an do muss een dat da gutt managen a wëssen, wou de Géigner ass.”

Fir Veräiner wéi de Squash Schengen feelt et och wéinst Problemer tëscht Veräin a Federatioun, also nach un Investitiounen an der richteger Infrastruktur, dovunner léisst ee sech beim Club awer net ënnerkréien. Et bleift ofzewaarden, wéi dëse Sport sech weider entwéckele wäert, mee et probéiert een trotzdeem positiv an d’Zukunft ze kucken, virun allem wann ee gesäit, dass ëmmer méi Leit sech fir dës Sportaart begeeschtere kënnen.

Back to Top
CIM LOGO