No 2 Stonnen an 18 Minutten konnt d’Elena Rybakina sech mat 2:1 (6:4, 4:6, 6:4) géint d’Aryna Sabalenka duerchsetzen. D’Nummer 1 vun der Welt war am decisive Saz schonn 3:0 a Féierung, no engem staarke Comeback kann d’Rybakina awer um Enn d’Australian Open fir déi éischte Kéier gewannen. No Wimbledon 2022 ass et den zweete Succès bei engem Grand Slam fir d’Kasachin, déi 2023 nach an der Australian-Open-Finall géint d’Sabalenka verluer hat.
Am éischte Saz hat d’Sabalenka direkt hiert éischt Opschlagspill verluer a konnt dat an der Suite net méi guttmaachen, soudass d’Rybakina mat 1:0 an de Sätz a Féierung gaangen ass. Am zweete Saz ass der Nummer 1 vun der Welt du beim Stand vu 5:4 de Break gelongen.
Am Decider louch d’Sabalenka dunn no engem weidere Break scho mat 3:0 a Féierung, d’Rybakina huet sech awer net opginn a konnt de Saz mat zwee Breaks hannerteneen dréinen an hiren éischte Matchball dunn direkt verwandelen.
E Sonndeg de Moien um 9.30 Auer eiser Zäit treffen de Carlos Alcaraz an den Novak Djokovic an der Härefinall openeen. Béid hate sech an den Halleffinalle a 5 Sätz géint den Alexander Zverev a géint de Jannik Sinner duerchgesat.