Zanter 1953 scho gëtt de Bal vun der Danzschoul Mireille Roulling, ancienne Annette Kohner organiséiert. Dëst Joer ass déi 71. Editioun an et ass dee Moment, wou d’Debutantskoppelen am Standard/Latäin hiren éischten Optrëtt hunn.
Donieft weisen déi verschidde Gruppen aus der Danzschoul hiert Kënnen an hir Passioun.
En Highlight ass an de leschten Joren ëmmer den Optrëtt vun der “Formation de l’école de Danse”. Fir d’Evenement ofzeschléissen sinn och ëmmer nees Profien invitéiert, déi mat hirer Show d’Spectateure begeeschteren.
RTL.lu iwwerdréit de “PREMIER BAL” am Livestream.