WantersportIwwerraschend Victoire fir d'Malorie Blanc am Super-G

RTL Lëtzebuerg
Am Schisprange konnte sech donieft d'Eirin Kvandal an den Domen Prevc iwwer Victoirë freeën.
First-placed Switzerland's Malorie Blanc celebrates on the podium after competing in the women's super G race part of the FIS Alpine Ski World Cup 2025-2026, in Crans Montana, Switzerland, on January 31, 2026.
© AFP

Schi Alpin

Bei den Damme stoung e Samschdeg de Moien zu Crans-Montana an der Schwäiz e Super-G um Programm, deen d’Lokalmatadorin Malorie Blanc iwwerraschend konnt fir sech decidéieren. Et ass den éischte Weltcup-Succès an der Karriär vun der 22 Joer aler Schwäizerin. Si huet sech virun der Italieenerin Sofia Goggia (+0.18 Sekonnen) an der US-Amerikanerin Breezy Johnson (´+0.36 Sekonnen) behaapt.

Schisprangen

Zu Willingen an Däitschland gouf et bei den Dammen och am Schisprangen een iwwerraschende Succès fir d’Eirin Kvandal. D’Norwegerin huet sech domat virun der Slowenin Nika Prevc an der Japanerin Nozomi Maruyama duerchgesat.

Bei den Hären huet dem Nika hire Brudder Domen Prevc et däitlech op déi éischte Plaz gepackt, dat virum Japaner Ren Nikaido an dem Däitsche Karl Geiger.

Back to Top
CIM LOGO