Succès fir Lëtzebuerger am SprangreidenEkipp vum Victor Bettendorf wënnt d'Global Champions League zu Miami Beach

RTL Lëtzebuerg
D'Ekipp vum Lëtzebuerger war dat eenzegt Team, dat iwwert déi 4 Ronnen ouni Feeler bliwwen ass.
De Victor Bettendorf op engem Turnéier zu Göteburg.
© RTL-Archiv

De Victor Bettendorf gewënnt mat senger Ekipp “Madrid in Motion” d’Global Champions League am CSI5* (Concours de Saut International 5-star) zu Miami Beach an den USA. Dësen Tournoi gëtt iwwert zwee Sprange gewäert, wou all kéiers zwee Reider pro Ekipp starten.

Am éischte Sprangen iwwert 1.60m ass de Victor net fir “Madrid in Motion” gestart, mä an der Eenzelwäertung. An der zweeter Prüfung vun 1.55m war et dunn um Victor mam Atchoum de la Roque Z fir säin Team ze starten. D’Ekipp vum Lëtzebuerger war schlussendlech dat eenzegt Team, dat iwwert déi 4 Ronnen ouni Feeler bliwwen ass.

Domat hu si sech géint d’Konkurrenz zu Miami duerchgesat an d’Global Champions League fir sech entscheet. Am Ganze ware 15 Ekippen um Start.

Back to Top
CIM LOGO