Triathlon"Swim and Run" – eng nei Kompetitioun fir d'Jugend

Bern Thill
Am Ufank si véier Eventer virgesi mat der Optioun, dës Kompetitioun weider auszebauen.

Mam "Swim and Run" huet d'Triathlon-Federatioun eng nei Kompetitioun agefouert, déi vu véier Veräiner op verschiddene Plaze wärend dem Joer organiséiert ginn.

Jemp Ernzen, Initiator vum Swim and Run: "E Gedanke fir de Kanner d'Méiglechkeet ze ginn an den Triathlon-Sport eranzekommen als "Appetizer" bësselchen, wou ee kee Vëlo brauch, wou et och fir den Organisateure relativ einfach gëtt, fir net musse vill Stroossen ze spären a fir d'Elteren a fir d'Kanner e Milieu sécurisé ass an enger Schwämm."

D'Kompetitioun adresséiert sech u verschidden Alterskategorien tëschent fënnef a 17 Joer. Zum Schluss gëtt dann e Generalklassement opgestallt.

Den Triathlon besteet net nëmmen aus Schwammen a Lafen, mee och d'Vëlofueren ass e wichtegt Element. De Vëlo feelt awer an dëser Kompetitioun.

Christian Krombach, President vun der Triathlon-Federatioun: "De Vëlo ass aus logistesche Grënn extreem komplizéiert fir den Organisateur, mee awer och fir de Konkurrent ass de Vëlo haaptsächlech bei de Fraen, bei de Meedercher e grousse Facteur negativ, well do si ganz vill Fraen, déi justement keen Triathlon wëlle maache wéinst dem Vëlo, wéinst der Gefor, déi een um Vëlo huet. An iwwert deen hei Wee huele mer dee Facteur à risque eraus an da kënne mer eeben doduerch eng aner Clientèle unzéien."

Nieft de Gefore vum Vëlosfuere spillt och den Transport eng Roll, souwéi och d'Mechanik. Et schwiewen och scho Pläng an de Käpp vun de Responsaablen, fir de Swim and Run an der Zukunft auszebauen. Et besti jo scho gutt Kontakter an der Groussregioun.

Jemp Ernzen, Initiator vum Swim and Run: "Wou mer och optimistesch si fir d'Swim Youth League, fir och do Partner aus der Belsch, aus Frankräich, aus Däitschland ze fannen an och nach een no deen aneren hei zu Lëtzebuerg, fir dat Ganzt effektiv dann iwwer e méi groussen Zäitraum ze spanen."

De Mamer Veräin hat och d'Iddi, fir eng Fräsche-Kategorie ouni Klassement mat an de Programm anzebauen.

Georges Muller, President Trispeed Mamer: "Wa se net schwamme kënnen, duerfe se op deen zwee an en hallwe Meter vun der Längt lafen, just fir se un eng Course erunzebréngen. An da wa se herno schwamme kënnen, da gëtt de Buedem natierlech méi niddreg gemaach an da kënne se erëm schwammen."

Déi kleng Däbbesse mierken dann, dass een net nëmme séier am Waasser muss sinn, mee och d'Schong kënne séier undoen beim Wiessel. Dat kann ee jo och doheem trainéieren.

Dee nächste Swim am Run ass den 18. Juli zu Jonglënster a gëtt vum lokalen Triathlonsveräin Karibu organiséiert. E weidert Event fir d'Basis vun der Triathlon-Federatioun an hire Veräiner ze stäerken.

Back to Top
CIM LOGO